Kommt, mir recycléieren
eis al Schoulbicher!

book image

Maach däi Choix

Well Secondhand
och gutt fir d’Schoulbicher ass.

Wann s du gebrauchte Schoulbicher weidergëss oder kriss, bréngs du se zeréck an den Ëmlaf a schenks hinnen en zweet Liewen.

All dat ass natierlech gutt
fir d’Bicher, fir dech, fir déi aner, fir de Planéit!

Wann s du deng Bicher weidergëss, evitéiers du den iwwerméissege Verbrauch an d’Verschwende vun Tonne Pabeier, Plastik a Literen Tënt.

An ausserdeem
profitéiers du dovun!

Wann s du gebrauchte Bicher vun engem Schüler kriss, dee se net méi brauch, da kriss do e Bong am Wäert vu 50 % vum Verkafspräis vun dësen neie Schoulbicher, déi s du häss missen an d’Librairie siche goen. Dëse Bong gëtt op däi Bicherbong an der App mybooks geluegt. Domat kanns du dir selwer eng Freed maachen a Bicher vun dengem Choix kafen (Comics, Romaner, …).

Also lass! emoji