All Persoun, déi d’Informatioune vun dësem Site notzt, soll all d’Konditiounen an Hiweiser vun den allgemenge Notzungsbedéngunge gelies an akzeptéiert hunn.
D’Websäit www.upbooking.lu an hiren Inhalt goufe vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend (MENEJ), 33, Rives de Clausen L–2165 Lëtzebuerg, Lëtzebuerg, verëffentlecht.
D’Websäit gouf entworf, opgestallt an entwéckelt vun der Kommunikatiounsagence binsfeld, 14, Place du Parc, L–2313 Lëtzebuerg, Lëtzebuerg.
Wann Dir eng Anomalie gesitt oder wann Dir op Probleemer op dësem Site stousst, soll de Benotzer d’Agence binsfeld informéieren: info@binsfeld.lu
De Site gëtt zu Lëtzebuerg vun der Firma Luxhosting Networks S.à r.l. gehost.
Duerch d’Weiderliesen akzeptéiert de Benotzer déi follgend Konditiounen.
Den Zougang zum Site ass iwwer Internet. De Benotzer erkläert, d’Risiken ze kennen an se ze akzeptéieren. Hie muss sech géint d’Folge vun der Computerpiraterie schützen, andeems hien eng adequat a sécher Computerkonfiguratioun adoptéiert.
Den MENEJ kann net verantwortlech gemaach ginn, fir e Schued, deen de Benotzer direkt oder indirekt am Zesummenhang mat senger Navigatioun op dësem Site an der Notzung vu senge Servicer wéi och op den Internetsite erlieft, op déi hie sech bezitt.
D’Notzung vum Site ass gratis.
De Site, all seng Elementer (inklusiv de Layout) souwéi d’Informatioun an d’Servicer, sinn duerch d’Gesetzer iwwer intellektuell Proprietéit a Copyright geschützt.
Wann net anescht uginn, gëtt den MENEJ keng Lizenz oder Autorisatioun iwwer d’intellektuell Propriétéitsrechter, déi hien op dësem Site, sengen Elementer oder senge Servicer huet.
Den MENEJ wäert säi Bescht maachen fir eng maximal Disponibilitéit vun dësem Site ze garantéieren. E kann awer net verantwortlech gemaach ginn, am Fall vun enger temporärer oder totaler Onverfügbarkeet vum Site.
Den MENEJ suergt fir déi bescht Sécherheet vum Computersystem. E kann awer net verantwortlech gemaach ginn, am Fall vun enger Attack op de Computersystem oder temporär oder total Onverfügbarkeet vum Site.
Den MENEJ behält sech d’Recht vir, de Benotzer den Zougang zu der Websäit zu all Moment an ouni Preavis ze refuséieren.
Den MENEJ behält sech d’Recht vir, dëse Site aus ënnerhaltsgrënn, Aktualiséierungsgrënn oder aus anere Grënn, déi als néideg ugesi ginn, ze entwéckelen, ze änneren oder ze ënnerbriechen, ouni Preavis.
Den MENEJ kann besonnesch zu all Moment d’Informatiounen an d'Servicer, déi um Site enthale sinn oder ugebuede ginn, zréckzéien, derbäisetzen, ergänzen oder präziséieren. Keng Haftung fir en direkten oder indirekte Schued am Zesummenhang mat esou Ännerunge ka géint den Aussen- an Europaministère vu Lëtzebuerg ofgehale ginn.
Fir d’Bequeemlechkeet vun de Benotzer, kann dëse Site Linken op aner Sitten enthalen, déi nëtzlech oder interessant fir si kënne sinn. Den MENEJ kontrolléiert net systematesch den Inhalt vun dëse Sitten. E kënnen also net verantwortlech gemaach ginn, fir den Inhalt, deen op dëse Websäite presentéiert gëtt, sief et wat hir Legalitéit oder d’Genauegkeet vun der Informatioun entsprécht.
Dës allgemeng Notzongsbedéngungen kënnen zu all Moment geännert oder ergänzt ginn, ouni Preavis, ofhängeg vun Ännerungen um Site, Ännerungen an der Gesetzgebung oder aus all anere Grond, deen néideg ass. Et ass un de Benotzer fir sech iwwer d’allgemeng Benotzungsbedéngunge vum Site ze informéieren, vun deenen nëmmen déi aktualiséiert Versioun, déi online zougänglech ass, als a Kraaft ugesi gëtt. Et ass méiglech, datt tëscht zwou Benotzunge vum Site déi speziell allgemeng Notzongsbedéngungen geännert kënne ginn an et ass also un de Benotzer fir se gutt virun all neie Gebrauch ze liesen.
D’Haftung vun dësem Site ass ausdrécklech fir all direkt an indirekt Konsequenzen ausgeschloss:
All Sträit am Zesummenhang mat der Notzung vun dësem Site a senge Servicer ënnerläit dem Lëtzebuerger Gesetz an der exklusiver Juridictioun vun de Geriichter vum Grand-Duché vu Lëtzebuerg.