Du brauchs se net?
Gìff se weider!

Maach mat bei der Aktioun
#UPBOOKING
a schenk denge Schoulbicher en zweet Liewen!

Wat ass UPBOOKING?
Loosst eis dat kuerz erklären!

Kuerz resuméiert …

Secondhand
ass gutt fir d’Schoulbicher.

Weiderginn, oder scho gebrauchte Schoulbicher benotzen, dat heescht se an de Kreeslaf zréckzebréngen an hinnen een zweet Liewen ze schenken.

An dat alles – ganz sécher –,
ass gutt fir d’Bicher, fir de Planéit, fir jiddereen!

Bicher weiderginn, hëlleft bei der Vermeidung vun Iwwerconsommatioun, Verschwendung vu Pabeier, Plastik a literweis Tënt.

An dat Bescht:
Du kanns dobäi nëmme gewannen!

Wann s de Bicher vun engem anere Schüler hëls, kriss de an denger Librairie ee Bong vu 50 % vum Neiwäert vun deene Bicher. Mat dësem Bong kanns de der dann aner Bicher eraussichen (BDen, Romaner, etc.).

Bass de prett?

Hal
d’Bicherbourssen
am A.

Hal d’Bicherbourssen an denger Schoul am A.
Keng Bicherbourse geplangt? Dann organiséier selwer eng zesumme mat denge Frënn!

Huel
all däi Courage zesummen!

Du sichs Bicher?
Zéck net, fir Schüler aus der Klass driwwer ze froen.
Du wëlls deng Bicher weiderginn ?
Bitt se de Schüler un, déi no dir kommen!

An 2024
wäert et nach méi easy ginn,
fir deng Bicher weiderzeginn
oder ze kréien!

Eng Annoncëplattform wäert 2024 online goen:
100 % gratis a userfrëndlech, sou dass de deng al Bicher kanns weiderginn … an deng nei séier fënns!